En Dënschden den Owend um 22.45 Auer ass de Rettungsdéngscht vum Asazzenter Diddeleng op e Verkéiersaccident op d‘Autobunn A3 a Richtung Frankräich geruff ginn.

Hei war en Auto engem Aneren hannendropp gerannt. En 3. Auto ass stoe bliwwe fir ze hëllefen. Dëst huet e Chauffer iwwersinn an huet deen 3. Auto geroden.
Et goufen 2 Persounen blesséiert di vun den Ambulanz aus dem CID op Esch an d’Spidol bruet goufen.

Op der Plaz waren nieft 2 Ambulanzen vun Diddeleng och de Sauvetage vum CID, d’Pompjeeë vun Thionville, d’Police an d‘Ponts et Chaussées.

News 2017

Social



CID SHOP

CID

  • 97, rte de Luxembourg
    L-3515 Dudelange
  • +352 523 750-1
  • +352 523 750-29
  • info (@) cid.lu
JoomShaper