Nieft enger ganzer Rei Ambulanz- a Sauvetageasätz, hunn d’Membere vum Asazzenter Diddeleng dëse Weekend och nees d‘Permanence um Butschebuerger Buergfest garantéiert. Déi zwee Deeg ware si ronn 21 Stonnen op der Plaz fir d’Sécherheet vun de Visiteuren, Organisateuren a Schausteller ze garantéieren.









