E Samschdeg am spéiden Owend géint 23.30 Auer sinn d’ Rettungsdéngschter aus den Asazzenteren Diddeleng, Beetebuerg a Käl op e schwéiert Accident an d’Näertzengerstrooss op Diddeleng geruff ginn.
En Automobilist koum aus  bis elo ongekläerter Ursaach vun der Strooss of, krutt matt der Chaufferssäit e Bam ze paken, éier de Won e puer Meter weider zum Stoe koum. Duerch de Schock gouf de Chauffer aus sengem Auto geschleidert an ass nach op der Plaz u senge schroe Verletzunge gestuerwen.
Eng weider Persoun déi am Auto war, gouf op der Plaz betreit an uschléissend mat der Ambulanz vun Diddeleng op Esch an d’Klinik gefouert.
Nodeems de Miess- an Erkënnungsdéngscht seng Aarbecht op der Plaz ofgeschloss hat, konnt d’Strooss géint 2.45 Auer nees fir den Trafic opgemaach ginn.
Op der Plaz waren d’Ambulanz vun Diddeleng a Beetebuerg, de SAMU vun Esch, d’Pompjeeë vun Diddeleng a Käl, d’Police vun Diddeleng ewéi och de Miess- an Erkennungsdéngscht.
 
Foto 22102017 1

News 2017

Social



CID SHOP

CID

  • 97, rte de Luxembourg
    L-3515 Dudelange
  • +352 523 750-1
  • +352 523 750-29
  • info (@) cid.lu
JoomShaper