E Freideg den Owend ass et aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach bei enger Firma an der Industriezone Riedgen zu engem Feier an enger Maschinn komm.
Duerch eng integréiert, automatesch Läschanlag huet d'Feier sech net ausgebreet, wouduerch weidere Schued konnt verhënnert ginn.
Ënnert schwéierem Otemschutz sinn 2 Binome mat Gasmiessgeräter bis bei déi betraffen Anlag virgedrongen a konnte séier Entwarnung ginn.