Am fréie Nomëtten ass et zu Diddeleng an der Beetebuergerstrooss zu engem Verkéiersaccident komm bei dem eng Persoun blesséiert ginn ass.

Aus nach ongekläerter Ursaach ass en Auto engem aneren hannendrop gerannt deen doropshin zwee aner geparkten Autoe gesträift huet.

De Chauffer vum zweeten Auto ass vun der Diddelenger Ambulanz an d'Spidol gefouert ginn.

De Materialschued ass héich.

Wärend de Rettungsaarbechten huet d'Beetebuergerstrooss komplett fir de Verkéier misse gespaart ginn.

Op der Plaz waren de Sauvetage an d'Ambulanz vun Diddeleng wéi och d'Police vun Diddeleng.

 

4   6   1    5 

News 2018

Social



CID SHOP

CID

  • 97, rte de Luxembourg
    L-3515 Dudelange
  • +352 523 750-1
  • +352 523 750-29
  • info (@) cid.lu
JoomShaper