E Méindeg de Muere géint 05:45 Auer ass et tëschend Näerzeng a Käl virun der Autobunnsopfaart zu engem spektakulären Autosaccident komm.

Aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach ass en Auto vun der Strooss ofkomm a krut d'Leitplank ze packen.

Den Auto ass ofgehuewen, huet sech e puer mol iwwerschloen, eng Clôture mat ewech geholl a ronn 50 Meter méi wäit an den Hecken zum hale komm.

Beim Accident ass eng Persoun blesséiert ginn a vun der Ambulanz op Esch an d'Spidol gefouert ginn.

Mëttels Treuil ass d'Gefier aus den Hecke gebuerge ginn. D'Biergungsaarbechten hu sech iwwert eng Stonn gezunn.

Op der Plaz war de Sauvetage vun Diddeleng, d'Ambulanz vun Diddeleng ewéi och 2 Policepatrullen.      

6   5   2   1

3   4   7   00000

News 2018

Social



CID SHOP

CID

  • 97, rte de Luxembourg
    L-3515 Dudelange
  • +352 523 750-1
  • +352 523 750-29
  • info (@) cid.lu
JoomShaper