×

Warnung

JUser: :_load: Fehler beim Laden des Benutzers mit der ID: 144

De 4. August 2014 huet eis am CID déi traureg Noriicht erreecht dass de Sandro Lunkes, e laangjärege aktive Member eis fir ëmmer verlooss huet.
De Sandro ass 1988 zu Diddeleng bei d’Pompjeeë komm an huet sech seitdeem an den aktiven Déngscht vu senge Matbierger gestallt.
Hie war leidenschaftleche Pompjee, Sauveteur an Ambulancier.
Niewent de ville Stonnen Déngscht, huet hien säin Wëssen a Kënnen als Leeder vun den Jugendpompjeeën un den Nowuess weidervermëttelt a si esou op den aktive Déngscht virbereed.
Niewent der Funktioun als Sektiounschef bei den Pompjeeën ass hien och 2006 zum engem vun den Adjointen vum Zenterchef nominéiert ginn.

Iwwer déi kommunal Grenzen eraus huet hien am RAGTAL als Instrukter mat vill Engagement gewierkt.
Ob Porte Ouverte’n am Zenter a virun allem beim Zeltik war de Sandro mat Läif a Séil dobäi an huet ëmmer dozou bäigedroen dass des Evenementer en Erfolleg goufen.
2010 huet de Sandro säin laangjäregt Engagement un den Nol gehaangen an dem CID aus perséinleche Grënn de Réck gedréit.

Mär wäerten dech Sandro ëmmer a gudder Erënnerung halen a soen der op dësem Wee Merci fir déi vill geleeschten Déngschter. Eist déifsten Matgefill geet un deng Famill an un deng vill Frënn.

Rou a Fridden
D’Membere vum CID

 

Social



CID SHOP

JoomShaper