×

Warnung

JUser: :_load: Fehler beim Laden des Benutzers mit der ID: 144

Den 30. Dezember 2015 huet eis am CID déi traureg Noriicht erreecht, datt den Alain Jadin, laangjäregen aktive Member, eis fir ëmmer verlooss huet. Mir sinn déif betraff a probéieren ze verstoen...

Op den Dag genau, virun 30 Joer, ass den Alain bei eis an d’Pompjeeë komm an huet sech säitdeem an den aktiven Déngscht vu senge Matbierger gestallt.
Hie war mat Leidenschaft Pompjee, Sauveteur an Ambulancier an huet niewent de ville Stonnen Déngscht, säi Wëssen a Kënnen als Jugendleeder-adjoint un de Nowuess weidervermëttelt. Hien huet si op den aktiven Déngscht virbereet a konnt hinne seng wäertvoll Erfahrunge mat op de Wee ginn.
Niewent der Funktioun als Sektiounschef bei de Pompjeeën ass hien och 2006 zu engem vun den Adjointe vum Zenterchef nominéiert ginn.

Den Alain war bei allen Aktivitéiten am CID mat Leif a Séil derbäi,  virop den ZELTIK wou  hien duerch säin onermiddlechen Asaz och zum Erfolleg vun dëser Manifestatioun bäigedroen huet. 

2012 hat den Alain d’Decisioun geholl am CID opzehalen, huet awer iwwer déi kommunal Grenzen eraus weider an der Regioun ville Pompjeeën d’Grondwësse  bäibruecht . Och National war den Alain ganz engagéiert an  huet  als Instrukter am RAGTAL mat vill Engagement säi Wësse weidervermëttelt.

Alain, mir wäerten dech ëmmer a gudder Erënnerung halen a soen der op dësem Wee Merci fir déi vill geleeschten Déngschter.

Merci fir all déi Joren déi mir konnte mat dir zesumme verbréngen! 

Eist déifste Matgefill geet un deng Famill an un deng vill Frënn.

Rou a Fridden
D’Membere vum CID

 

alainjadin

Social



CID SHOP

JoomShaper