E Samschdeg de Mëtten ass aus bis elo nach ongekläerter Ursaach e Motorradchauffer op der A13 vun Diddeleng an Direktioun Käl gefall a gouf schwéier blesséiert. Eng Ambulanz aus dem Asazzenter Beetebuerg, déi  um Wee fir zeréck an den Zenter war, huet direkt eng Éischtversuergung vum Patient gemaach. Duerno gouf de Patient  stabiliséiert a mat der Ambulanz vun Diddeleng op Esch an d’Spidol bruecht.

 Op der Plaz ware jeweils eng Ambulanz aus den Asazzenteren Diddeleng a Beetebuerg, de SAMU vun Esch ewéi och de Sauvetage aus dem Asazzenter Diddeleng.

 Den Accident gouf vun der Verkéierspolice opgeholl.

IMG 1163 IMG 1165 IMG 1167

Social



CID SHOP

JoomShaper