Dëse Weekend huet zu Jonglënster am Kader vun hirer Porte-Ouverte och déi vun der LRO organiséierten National Trauma and Rescue Challenge stattfonnt. Bei dësem Challenge geet et drëms Traumapatienten ze versuergen bezéihungsweis schwéier verletzter aus accidentéierten Autoen ze biergen, an dat an engem bestëmmten Zäitplang.

Diddeleng huet wéi dat Joer virdrun, mat enger Mannschaft souwuel um Trauma wéi och um Rescue challenge deelgeholl

Samschdes wéi Sonndes kruten d‘Equipen jeeweils eng Aufgab eng „Standard“ an eng „Complex“. Fir den Standard am Rescue hat d‘Equipe 10 Minutten Zäit den Patient aus dem Auto zebiergen, an am Trauma hat d’Equipe een schwéier verletzten Patient ze versuergen.

Am Complex goung et am Rescue drëms an 30min 2 Victimmen, dovunner eng ageklemmte, ze biergen. Am Trauma hat d‘Equipe an dësem Challenge 2 Patienten ze versuergen, dovunner ee schwéier verletzten an ee méi licht.
Dat Ganzt gouf vun enger Internationaler Jury verfollegt an bewäert.

D’Equipe vum Trauma huet eng super 2. Platz gemeet an Equipe vum Rescue huet et och op d'Träppchen gepackt an eng gutt 3. Platz gemeet.

Deelgeholl hunn:
Trauma Challenge:
Christine Vanzella
Nadine Demuth

Rescue Challenge:
Steve Frisch (Incident Command)
Christine Vanzella (Medic)
Tiago Carreira (Tool)
Raoul Grün (Tool)
Tom Reifenberg (Safety)
Paul Fay (Safety & 2. Medic)
Nadine Demuth (Reserve Medic)
Aurélien Ternat (Reserve Tool & Safety)

Foto NTRC 1

Foto NTRC 2 Foto NTRC 3 Foto NTRC 4 Foto NTRC 5

Foto NTRC 6 Foto NTRC 7 Foto NTRC 8 Foto NTRC 9

Social



CID SHOP

JoomShaper