No 25 Joer als Kommandant vun den Diddelenger Pompjeeën, huet gëschter den Henri Glesener sengem Nofolger Roby Goergen de Kommandanteposten offiziell iwwerginn.

Iwwer 200 Invitéen, dorënner de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo, den Inneminister Dan Kersch, den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana, Vertrieder vun der Verwaltung vun de Rettungsdéngschter, der Pompjeesfederatioun a vun den Corpsen an Zenteren aus der Regioun, ware während dëser ganz emouvanter Feier dobäi.


An hirem Réckbléck op déi vill geleeschten Aarbecht vum Henri Glesener, waren déi verschidde Riedner sech all eens datt den "Heng" sech onermiddlech a leidenschaftlech fir den Zenter awer och virun allem fir d’Allgemengheet engagéiert huet.

Am Numm vun alle Memberen aus dem CID, fräiwëlleg an haaptberufflech, an de Jugendpompjeeën, hunn de Roby Goergen an déi nei Ënnerkommandantin Christine Vanzella hirem Kommandant e Kado iwwerreecht.

MERCI HENG !

Passation des pouvoirs iNET 72dpi 23 Passation des pouvoirs iNET 72dpi 31 Passation des pouvoirs iNET 72dpi 64 Passation des pouvoirs iNET 72dpi 81

Social



CID SHOP

JoomShaper