E Freidenowend em 23:39 h sinn d’Pompjeeën vu Betebuerg a vun Diddeleng op den Triage vun der CFL geruff ginn. Arbechtern war eng Flëssegkeet opgefall, déi aus engem Waggon-Citerne gedrëpst huet. Op der Plaz ass no enger éischter Erkundung Verstärkung bei de Beruffspompjeeën Letzebuerg ugefroot ginn, well déi onbekannten Flëssegkeet net einfach konnt opgefaange ginn. Och ass den ELW vun Diddeleng an eng Ambulanz vun Betebuerg op d’Plaz geruff ginn, fir den Asaz weider ze koordinéieren. A speziellen Chemikalienkostümer hunn d’Beruffspompjeeën d’ Flëssegkeet opgefaangen an déi ondicht Plaz um Waggon ofgedicht. Bei der Substanz, déi de Waggon gelueden hat, huet et sech em Petan gehandelt, e Flësseggas, den a Verbindung mat Waasser réagéiert an dann verdampft. Géint halwer 5 h e Samsten de moien war den Asaz eriwer an den Zuchverkéier konnt nes weider goen.

Op der Plaz waren: 
- Asazzenter Betebuerg mat 13 Leit (1 Ambulanz, 1 ULF, 1 HTLF, 1 MZF)
- Asazzenter Diddeleng mat 9 Leit (1 HTLF, 1 ELW)
- Beruffspompjeeën Lëtzebuerg mat 6 Leit (Equipe CMIC mat WLF an Container)
- Patrullen vun der Police

Weider Asazberichter och op http://www.cibett.lu/de/News/Newsmeldung?newsid=276

201609300213 T1 Triage 1 201609300213 T1 Triage 2 201609300213 T1 Triage 3 201609300213 T1 Triage 4

Social



CID SHOP

JoomShaper