De Muere géint 7:00 Auer ass de Centre d'intervention ob d'route de Thionville geruff gi fir eng Persoun déi ugestouss ginn ass.

Op der Plaz huet sech eraus gestallt datt en Auto ee Kand vun 13 Joer ze packe krut. Duerch den Oprall ass d’Kand iwwer d’Kalifornech Mauer geschleidert ginn.

Well den Zoustand vum Kand kritesch war, gouf de SAMU nogeruff. Uschléissend ass d'Kand op Esch an de Centre hsospitalier Emile Mayrisch gefouert ginn.

Op der Plaz war de Sauvetage an d'Ambulanz vun Diddeleng, 2 Patrulle vun der Police wéi och den Escher SAMU.

Um Réckwee gouf den Diddelenger Sauvetage op e weidert Autosakzident ob d'A13 a richtung Schengen geruff ginn.

E Chauffer hat e Stau ze spéit bemierkt an ass mat 3 aneren Autoe kollidéiert. Heibäi goufen 3 Léit verwonnt.

Op der Plaz war de Sauvetage vun Diddeleng, 2 Ambulanze vu Beetebuerg, 1 Ambulanz vu Kayl, d'Ponts et Chaussées an d'Police.

IMG 6259  IMG 6265  IMG 6270  IMG 6278

IMG 6286  IMG 6289  IMG 6310  IMG 6314

Social



CID SHOP

JoomShaper