Opgepasst an der Chrëschtzäit!

D’Chrëschtzäit ass eng Zäit, wou et heefeg zu Bränn doheem kënnt. Grond si meeschtens Käerzen an net genuch Opmierksamkeet.

Hei e puer einfach Verhalensregelen:

-             Den Adventskranz net direkt op den Dësch oder eng Decke leeën (= brennbar Materialien). Besser op eng Plaque oder e groussen Teller stellen.

-             Den Adventskranz net eleng loosse wann d’Käerze brennen. Wann dir de Raum verloosst, maacht d’Käerze richteg aus.

-             D’Käerze musse stabil stoen an däerfen net ëmkippen.

-             Wiesselt d’Käerzen éier se ganz ofgebrannt sinn.

-             Kuckt datt genuch Plaz ronderëm den Adventskranz ass an en net ze no bei Riddoen asw. steet.

-             Benotzt keng richteg Käerze mee elektrescher fir de Chrëschtbeemchen, dat ass eng Geforequell manner.

-             Stellt sécher, datt äre Chrëschtbeemche stabil steet an net ëmfale kann.

-             Kanner sinn ëmmer virwëtzeg. Si däerfen ni eleng an der Géigend vu Käerze sinn. Och Hausdéiere kënne Käerzen ëmgeheien a fir e Feier suergen.

-             Wann et wierklech zu engem Feier sollt kommen: verloosst ouni Panik de Raum a maacht d’Dieren hannert iech zou, fir datt sech den Damp an d’Feier net weider ausbreede kënnen. Rufft dann direkt den 112 un!

Preparéiert iech, andeems dir e ëmmer e Feierläscher disponibel hutt am Fall wou de Chrëschtbeemchen oder den Adventskranz géing Feier fänken!

Och Rauchmelder hëllefen am Fall wou et awer zu engem Feier sollt kommen iech ze warnen. Rauchmelder kaschten net vill a kënne Liewe retten!

Am Noutfall ëmmer roueg bleiwen an den 112 uruffen!

Social



CID SHOP

JoomShaper