E Freideg de mëtteg géint 16 auer sinn Rettungdéngschter vum Centre d’Intervention Diddeleng op ee Verkéiersaccident op d‘ Autobunn A3 richtung Frankräich geruff ginn. Insgesamt 3 Autoën an ee Kamion waren an d‘ Akzident verwéckelt.
Een Autochauffer huet missen vun de Pompjeeën aus senger mësslëcher Lag befreitg inn a konnt duerno mat der Ambulanz vun Diddeleng an d‘ Spidol gefouert ginn.
Op der Plaz waren 2 Ambulanzen an de Sauvetage vun Diddeleng, de SAMU vun Esch/Uelzecht, d’Pompjeeë vun Thionville, d’Police an d’Ponts&Chaussées.







