14.02.2017 Zuchakzident Diddeleng

Dënschdeg, de 14. Februar um 8:57 Auer ass den Interventiounszenter vun Diddeleng iwwert den 112 alertéiert ginn: 1 Passagéierzuch soll mat engem Gidderzuch ob der Héicht vun der “Husky” kollidéiert sinn. 2 Ambulanze wéi och de Sauvetage ware bannent Minutten asazbereet an hu sech direkt ob d’Plaz gemaach. Den “Centre d’Intervention Bettembourg” dee mat hirem Sauvetage kuerz virun Diddeleng ob der Plaz war konnt eng eischt Réckmeldung ginn, wourop den 112 weider Mëttelen ob d’Plaz geschéckt huet. Ënnert anerem ass eng “Alerte Générale” fir Diddeleng a Beetebuerg ausgeléist ginn.

2 Blesséierter waren schonn aus dem Zuch, d’Kontrollerin aus dem Passagéierzuch déi liicht verletzt war an den Maschinist aus dem Gidderzuch deen méi schwéier verletzt war. Déi 2 Diddelenger Ambulanzen hunn d’Patienten zesummen mam SAMU Esch en charge geholl an an den CHEM Esch gefouert.

Zesumme mam Centre d'Intervention Bettembourg, dem Centre d' Intervention et de secours Esch sur Alzette, dem Service Incendie et Ambulance de la Ville de Luxembourg, der "Base Nationale de Support" vu Lëntgen, dem Groupe Cynotechnique an dem Groupe de support psychologique gouf weider no Victime gesicht. Géint 17:00 Auer konnt de Maschinist vum Passegeierzuch gebuerge ginn. Leider huet hien d’Accident net iwwerlieft.

128 Rettungskräfte waren insgesamt um Asaz bedeelegt, dovunner 40 vun Diddeleng.

Mir drécken der Famill vum Verstuerwenen eist häerzlechst Bäileed aus.

 

Social



CID SHOP

CID

  • 97, rte de Luxembourg
    L-3515 Dudelange
  • +352 523 750-1
  • +352 523 750-29
  • info (@) cid.lu
JoomShaper