01.04.2017 Waasserfuite, Accident an Autosbrand

Vill ze di fir den Diddelenger Interventiounszenter an der Nuecht vun e Freiden ob e Samschdeg. Géint 23.45 Auer ass de Sauvetage fir eng Waasserfuite an en Appartementshaus geruff ginn. Zesumme mat de Proprietairë vum Gebai gouf dës behuewen.

Géint 3.15 Auer ass et dann an der Rue de la Libération zu engem Accident komm. Aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach krut en Auto ee geparkten Auto ze paken. Blesséiert gouf heibäi keen, de Materialschued ass awer héich.

Kuerz no hallwer 4 du sinn d'Pompjeeën op en Autosbrand op d'Place Gymnich geruff ginn. Op der Plaz stoung en Auto a Vollbrand, en zweeten huet och um hënneschten Deel gebrannt. Mëttels Drockloftschaum konnt verhënnert ginn, datt d'Feier op d'Wiertschaft niewendrun, bei där schonn d'Rollluede geschmolt waren, iwwergräife konnt. D'Ursaache fir d'Feier si bis ewell net bekannt.

Donieft sinn eis 2 Ambulanzen haut schonn 11 Mol erausgefuer.

 

image10  image17  image3  image7

Social



CID SHOP

CID

  • 97, rte de Luxembourg
    L-3515 Dudelange
  • +352 523 750-1
  • +352 523 750-29
  • info (@) cid.lu
JoomShaper