Haut géint 13:00 Auer sinn d’Diddelenger Rettungsdéngschter fir eng Chute an den “Adventure Parc L’eh” geruff ginn.

Aus bis ewell ongekläerte Grënn ass ee jonke Mann vun enger Plattform erofgefall a schwéier blesséiert ginn.

De Patient gouf vun der Diddelenger Ambulanz en Charge geholl an dobäi vun der matalerteierter Sauvetageekip ënnerstëtzt.

Mam Helikopter vun der Air Rescue ass de Patient oftransportéiert ginn.

Op der Platz war den Diddelenger Asazzenter mat enger Ambulanz an enger Sauvetageeqkip, d’Air Rescue, 3 Patrulle vun der Police sou wéi och de Mies an Erkennungsdéngscht vun der Police Judiciaire.

 

PARC LEH 1    PARC LEH 2.JPG    PARC LEH 3    PARC LEH 4

Social



CID SHOP

CID

  • 97, rte de Luxembourg
    L-3515 Dudelange
  • +352 523 750-1
  • +352 523 750-29
  • info (@) cid.lu
JoomShaper