En Donneschden Owend géint 19:40 Auer ass den Diddelenger Asazzenter op d'Diddelenger Autobunn A3 geruff ginn.
E Camion deen 13 Tonne Schwéngefleesch gelueden hat huet an enger Ausfaart aus bis ewell ongekläerte Grënn d'Kontroll verluer an ëmgetippt.
De Chauffer ass onverletzt bliwwen.
Mat 2 Depanneusen an engem Kran ass d'Gefier gebuerge ginn an uschléissend oftransportéiert ginn.
No gutt 4 Stonne konnt d'Autobunn nees fir de Verkéier fräigi ginn.
Op der Plaz war de Centre d'intervention vun Diddeleng wéi och d'Pompjeeë vun Uespelt mat jeeweils 6 Leit, d'Police de la Route, d'Ponts et Chaussées an d'Santé.