E Méindeg de mëtteg géint 15.30 Auer sinn d’Diddelenger Rettungsdéngschter op de Gehaansbierg bei d’Buergruine geruff gi.
E Kand war eng 3 Meter héich Mauer erof an e Lach gefall. Nodeems d’Kand immobilliséiert gouf, ass et aus senger mësslecher Lag befreit ginn.
Uschléissend ass d'Kand an d'Kannerklinik transportéiert ginn. Op der Plaz war d’Ambulanz an de Sauvetage vun Diddeleng.