Eisen Zenter…

Zënter 1992 befënnt sech den Asazzenter vun de Pompjeeën an dem Rettungsdéngscht vun Diddeleng an engem deemools neie Gebai an der Lëtzebuerger Strooss. Schonn an dem fréiere Gebai hannert dem Gemengenhaus waren d’Pompjeeën an de Rettungsdéngscht ënnert engem Daach zesummebruecht. Als deemools éischten Asazzenter zu Lëtzebuerg goufen dës zwee Déngschter, déi bis dohinner getrennt fonctionéiert haten, bewosst zesummegefouert. De gemeinsamen Asazzenter huet déi eenheetlech Zesummenaarbecht gestäerkt an intensivéiert, wat sech positiv op d’Bewältege vun den allgemengen Ufuerderungen ausgewierkt huet.

Zënterhier huet sech villes verännert. Den 1. Juli 2018, dem Grënnungsdag vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS), ass de Centre d’Intervention de la Ville de Dudelange (CID) zu engem Centre d’Incendie et de Secours (CIS) vun der Kategorie 3 gewuess. Den CIS Diddeleng huet e regionale Charakter an huet de Rettungsdéngscht (SAP) staark ausgebaut.

Aktuell schaffen hei em déi 99 fräiwëlleg Membere mat 18 Haaptberufflechen Hand an Hand, fir de Bierger eng beschtméiglech Sécherheet souwéi séier a kompetent Hëllef an Noutfäll ze garantéieren. Dobäi bewältegen si all Joer ronn 3.800 Asätz. Fir dës usprochsvoll Aarbecht ze garantéieren, ass eng reegelméisseg Weiderbildung onverzichtbar. Am Beräich vun de Pompjeeë gëtt dofir all Woch an am Beräich vum Rettungsdéngscht all zwou Wochen zesummen trainéiert. Zousätzlech huelen eis Membere reegelméisseg un Ausbildungen deel, déi vum CGDIS organiséiert ginn.

Als „Lehrrettungswache“ huet de CIS Diddeleng déi éierevoll Aufgab, souwuel haaptberufflech wéi och fräiwëlleg Pompjeeën op hirem Ausbildungswee ze begleeden an ze ënnerstëtzen. Sou hu mir zum Beispill am Joer 2020 méi wéi 100 Pompjees Männer a -Fraen am CIS Diddeleng bei hirer Ausbildung begleet.

Den Deel vun den Aufgaben, deen net direkt mam operationelle Volet zesummenhänkt, gëtt vun der Amicale vum Zenter Diddeleng a.s.b.l. iwwerholl. Si huet sech zum Zil gesat, hir Membere fir d’Hëllefsbereetschaft an déi aktiv Bedeelegung un engem effiziente Rettungsdéngscht am CIS Diddeleng ze motivéieren an ze ënnerstëtzen. Ënner anerem ginn dës Internetsäit souwéi den internen Intranet vun der Amicale bedriwwen.

D’Amicale kann dobäi op déi moralesch a finanziell Ënnerstëtzung vu méi wéi 2.000 Éierememberen a Spender zielen. Dofir soe mir hinnen e ganz häerzleche Merci a wënschen de Visiteure vun dëser Säit eng interessant Lektür.

⚠️Dëss Websait ass am Testmodus.
RTL News
Grand-Duc op Visitt a Groussbritannien: Eng al Frëndschaft mat neie PerspektivenSchéckt Är Proposen elo eran!: Mir sichen d'Wuert vum Joer 2026Invité vun der Redaktioun (18. November): Jacques Thill, President LuxTrustMont-Saint-Martin: 41 Joer ale Mann vun Zuch erfaasst, Streck Rodange-Lonkech zouNo bal 20 Joer Provisoire: Den Abrisud zu Esch huet e fest GebaiLogementsdebatt an der Chamber: Minister Claude Meisch: "Iwwer déi meescht Fuerderunge vun de Jonke si mer eis eens"Neit Gesetz: Leit, déi schwéier krank waren, gi bei Konsumkreditter net méi benodeelegtTemps partiel familial : Projet zréckgezunn, ma net ganz vum DëschGeféierleche Schoulwee zu Zéisseng: Eltere fuerdere méi Sécherheet fir hir KannerBâtiments publics no Mosar-Kritik: Mamer Schwämme "vollstänneg ausgelaascht" oder "intensiv" benotztAvis vum Conseil national des finances publiques: Eng "Budgetsreegel", fir d’Hausse vun den Ausgabe vum Staat an der Gitt ze halenRecrutementscampagne bei der Police: Iwwer 1.000 Leit hate sech fir 200 Poste gemellt, 900 goufen zréckbehalenAvis vun der Mënscherechtskommissioun: Homosexuell Männer sollen an Zukunft Blutt spenden dierfenPolice warnt: Staarke Wand: Vill Behënnerungen duerch Beem, déi ëmgefall sinnPolice-Bulletin: Alkoholiséierte Mann beleidegt Fra, nodeems hie sech op hir Plaz gesat huetVermësstemeldung: Police sicht nom 15 Joer ale Lana WeylandGënn dir eng Paus vum Scrollen: Wann de Grëff nom Smartphone zum Automatismus gëttPretekoll vun 145 Euro an 2 Punkten: Police pëtzt Scooter-Fuerer op der AutobunnCGDIS a Police mellen eng sëlleg Accidenter: Schlecht Stroosseverhältnisser, véier Foussgänger ugestoussGrand-Duc op Visitt a Groussbritannien: Eng al Frëndschaft mat neie PerspektivenSchéckt Är Proposen elo eran!: Mir sichen d'Wuert vum Joer 2026Invité vun der Redaktioun (18. November): Jacques Thill, President LuxTrustMont-Saint-Martin: 41 Joer ale Mann vun Zuch erfaasst, Streck Rodange-Lonkech zouNo bal 20 Joer Provisoire: Den Abrisud zu Esch huet e fest GebaiLogementsdebatt an der Chamber: Minister Claude Meisch: "Iwwer déi meescht Fuerderunge vun de Jonke si mer eis eens"Neit Gesetz: Leit, déi schwéier krank waren, gi bei Konsumkreditter net méi benodeelegtTemps partiel familial : Projet zréckgezunn, ma net ganz vum DëschGeféierleche Schoulwee zu Zéisseng: Eltere fuerdere méi Sécherheet fir hir KannerBâtiments publics no Mosar-Kritik: Mamer Schwämme "vollstänneg ausgelaascht" oder "intensiv" benotztAvis vum Conseil national des finances publiques: Eng "Budgetsreegel", fir d’Hausse vun den Ausgabe vum Staat an der Gitt ze halenRecrutementscampagne bei der Police: Iwwer 1.000 Leit hate sech fir 200 Poste gemellt, 900 goufen zréckbehalenAvis vun der Mënscherechtskommissioun: Homosexuell Männer sollen an Zukunft Blutt spenden dierfenPolice warnt: Staarke Wand: Vill Behënnerungen duerch Beem, déi ëmgefall sinnPolice-Bulletin: Alkoholiséierte Mann beleidegt Fra, nodeems hie sech op hir Plaz gesat huetVermësstemeldung: Police sicht nom 15 Joer ale Lana WeylandGënn dir eng Paus vum Scrollen: Wann de Grëff nom Smartphone zum Automatismus gëttPretekoll vun 145 Euro an 2 Punkten: Police pëtzt Scooter-Fuerer op der AutobunnCGDIS a Police mellen eng sëlleg Accidenter: Schlecht Stroosseverhältnisser, véier Foussgänger ugestouss